Rechtlech Hiweiser & perséinlech Donnéeën

Rechtlech Hiweiser

Proprietär vum Site

perform sarl-s
29 boulevard Prince Henri, L-1724 Luxembourg
Kontakt : info@perform.lu
Nummer aus dem Gesellschaftsregëster : B236893 TVA-Nummer : LU31481219

Kënschtleresch Leeschtung, Web Design a grafesch Gestaltung

SC Design
Kontakt: contact@cedricschoenecker.com
Siret : 511 827 370 00038 TVA : FR58511827370

 

Perséinlech Donnéeën

Mir behandelen Är perséinlech Donnéeën an Aklang mam Dateschutzreglement.

Responsabel fir d'Dateveraarbechtung

De Responsabel fir d'Dateveraarbechtung ass perform sarl-s, 29 boulevard Prince Henri, L-1724 Luxembourg, Proprietär vum Site a vum Label Customer Experience Awards.

Fräiwëlleg Zoustëmmung a Finalitéit

Andeems Dir fräiwëlleg bei der Ëmfro matmaacht, erkläert Dir Iech domat averstanen, datt mir déi perséinlech Donnéeën, déi Dir ugitt, benotzen. Dës Donnéeë gi fir de gudden Oflaf vun der Ëmfro an am Kader vun de Vertragsverflichtungen, déi domat verbonne sinn, gebraucht.

Wéi eng Donnéeë späichere mir a wéi benotze mir se ?

Am Kader vun der Ëmfro gitt Dir gefrot, Är E-Mail-Adress unzeginn, ënner anerem fir datt mir Iech kënne kontaktéieren, wann Dir als Gewënner ausgeloust gitt, an Iech virzeschloen, bei aneren zukünftegen Ëmfroe matzemaachen. D'Informatiounen, wat Äert Geschlecht, Ären Alter, Äre Gebuertsdatum an Är Aktivitéit ubelaangt, gi fir statistesch Zwecker gesammelt. D'Resultater vun der Ëmfro sinn anonymiséiert a globaliséiert. Déi perséinlech Informatioune ginn also net individuell beaarbecht.

D'Informatiounen, déi iwwert de Kontaktformulaire gesammelt ginn, ginn erfaasst, fir kommerziell Prospektioun ze maachen, wat déi juristesch Persounen ugeet, an zu Informatiounszwecker, wat déi physesch Persounen ubelaangt. Doduerch, datt d'Persoun, déi bei der Ëmfro matmécht, eng Demande iwwert de Kontaktformulaire mécht, erkläert se sech mat der Notzung vu hire perséinlechen Donnéeën averstanen, entspriechend der festgeluechter Finalitéit.

Déi perséinlech Donnéeë gi fënnef Joer laang gehal oder esou laang, wéi Dir bei den Ëmfroe matmaacht. Wann déi fënnef Joer ofgelaf sinn, ouni datt Dir aktiv waart, ginn Är perséinlech Donnéeë geläscht. Déi anonymiséiert Äntwerten op d'Ëmfroe ginn archivéiert.

Ausübe vun Äre Rechter

Är perséinlech Donnéeë gehéieren Iech Dir hutt also zu all Moment d'Recht, op Är Donnéeën zouzegräifen, se ze aktualiséieren, Iech hirer Beaarbechtung ze widdersetzen, se ze iwwerdroen oder se ze läschen oder Är Zoustëmmung zeréckzezéien. Fir ee vun Äre Rechter auszeüben, kënnt Dir e Message op d'Adress info@cxawards.lu schécken. Am Fall vun enger Reklamatioun kënnt Dir Kontakt mat der Commission nationale pour la protection des données ophuelen.